Help the refugees

If you move around the world by choice, consider helping those forced from their homes by conflict. Donate to the UN Refugee Agency today.

Back

Gestionnaire fir eise Service Customer Care Center (m/w)

Visit website

Votre job en bref : Dir hutt gäre Kontakt mam Client? Dir schafft immens gären an enger Equipe? Dir sidd bereet fir en Agrément Agent ze maachen? Dir sicht eng interessant a virun allem ofwiesslungsräich Aarbecht, déi Iech eng flott Karriär an der Welt vun den Assurancen erméiglecht? Majo da sidd Dir genau déi richteg Persoun fir an eis Equipe vum “Customer Care Center” ! Ce qui vous attend : Är Roll an Är Responsabilitéiten : Wéi gesäit déi Aarbecht genau aus? Dir géift an enger Equipe schaffen, déi op d’Relatioun mam Client spezialiséiert ass, dëst an engem agreabelen an dynameschen Ëmfeld. Dobäi wiert Dir den éischten Interlocuteur vun eise Client’en an hëlleft hinne um Telefon, betreit si, a kënnt hinne Conseile ginn, déi genau hire Besoin’en entspriechen. Natierlech wäert Dir och am Kontakt mat eisen interne Spezialisten, déi Iech bei méi komplexe Fäll mat Rot an Dot zur Säit stinn. En ideaalt Sprangbriet an d’Welt vun den Assurancen an eng gutt Basis fir och an anere Beräicher an enger Assurance-Gesellschaft ze evoluéieren. Ce que nous attendons : Dir hutt en Diplom vum Typ Bac oder Bac +3 Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch. All aner Sprooch ass vu Virdeel. Wann Dir schonn Erfarung hutt am Beräich vun den Assurancen, ass dat ideal, mee et ass awer keng Viraussetzung Dir gitt gutt eens mat Windows Office Dir kënnt gutt schreiwen Dir kënnt Decisiounen huelen a sidd diskret Dir kënnt Iech gutt organiséieren a sidd Resultater-orientéiert Sozial Kompetenzen (souwuel intern wéi och extern) an engem diversen an ofwiesslungsräichen Ëmfeld Dir musst genau sinn, Kritik verdroen an och ausübe kënnen Dir sidd proakiv sinn Dir beweist Teamgeescht, sidd disponibel an och flexibel Dir léiert gären an hutt och Loscht, Iech weider ze entwéckele…

Apply now